エピソード

  • Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon?
    2025/04/23
    BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 7 分
  • Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet
    2025/04/09
    D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 1 分
  • Episod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop?
    2025/03/26
    No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen. De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns hannerloossen :D
    続きを読む 一部表示
    1 時間 12 分
  • Episod 93: MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS
    2025/03/12
    De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 13 分
  • Episod 92 - Sony State of Play
    2025/02/26
    Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 10 分
  • Episod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans?
    2025/02/12
    Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 7 分
  • Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2
    2025/01/29
    Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 14 分
  • Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk
    2025/01/15
    MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?
    続きを読む 一部表示
    1 時間 18 分